Campagne Philosophie
Eng besser Schoul entsteet net vun eleng. Si entsteet duerch Leit, déi Iddien hunn, Verantwortung iwwerhuelen an zesummen eppes beweegen.



Sechs konkret Initiativen
Aus Dreem gi Projeten
Zesumme maache mir aus gudden Iddien konkret Verbesserunge fir eisen Alldag am ECG.
Excursiounen vereinfachen
Plang géint d'Hëtzt
Campusfest & Gemeinschaft
Eng méi einfach Organisatioun vu Schoul-Ausflich, fir datt gutt Iddien net um administrativem Opwand scheiteren.
Léisunge fir waarm Summerdeeg ausschaffen, fir datt d'Léieren an de Klassesäll agreabel bleift.
E gemeinsamt Fest, dat Schüler zesummebréngt an d'Schoulgemeinschaft ausserhalb vum Unterrecht stäerkt.


Zwee Joer am Comité
Wat mir zesumme beweegt hunn
An de leschten zwee Joer hu mir zesumme vill Erfarunge gesammelt, Iddien ëmgesat an d'Schoulliewe matgestalt. Déi Erfarung ass eist meescht wäertvollt Fundament.
Ob alldeeglech Wënsch oder grouss Schouleventer: Zesummen hunn mir gewisen, wat alles méiglech ass!


